WAT?

Alles ronderëm de Kürbis

WÉINI?

De Samschdeg, 30. September an de Sonndeg, 1. Oktober 2017

WOU?

Zu Biereng/Miersch

D’Kürbisfrënn zu Réimech um Hierschtmaart

Dëse Sonndeg, 9. Oktober, sinn d’Kürbisfrënn zu Réimech um Hierschtmaart. Hei ass déi lescht Geleeënheet fir nach Kürbisschampes, Kürbiswäin, Kürbisbéier oder Kürbisknabberkären ze kafen.

Den Hierschtmaart fänkt um 10 Auer a geet bis 18:00 Auer.

kurbisproduiten

D’Kürbisfrënn um Bierenger Maart

Dëse Samschdeg, 1. Oktober, sinn d’Kürbisfrënn um Bierenger Stroossemaart fir déi allerlescht Kürbissen ze verkafen. Och déi lescht Fläsche Kürbisschampes, Kürbiswäin a Kürbisbéier ginn do verkaf.

Mir widderhuelen, dass et och déi lescht Geleeënheet ass fir vun eiser Promo ze profitéieren:

5 Fläsche Kürbisschampes + 1 Fläsch gratis

Déi selwecht Offer gëlt och fir de Kürbiswäin an de Kürbisbéier.

kurbisproduiten

***KÜRBISWEEKEND BREAKING NEWS*** 5+1 gratis! Et sinn nach e puer Fläschen do

Ee grousse Merci geet och dëst Joer nees un all déi Leit, déi de Weekend um Kürbisweekend waren. Gott sei Dank hate mir sonndes méi Chance mam Wieder.

Mir hunn dëst Joer nach e puer Fläsche Kürbisschampes, Kürbiswäin a Kürbisbéier iwwereg. Wann Dir nach déi eng oder aner Fläsch wëllt, dann ass hei déi super Offer:

!!5 + 1 gratis!!

De Kürbisschampes kascht 15 € d’Fläsch.

De Kürbiswäin kascht 15 € d’Fläsch.

De Kürbisbéier kascht 3 € d’Fläsch.

Déi Offer ass valabel bis den 3. Oktober 2016.

Mellt Iech beim Simone van Beest wann Dir interesséiert sidd. (621 754 929)kurbisproduiten

Archivbiller

IMG_6553.jpg IMG_6193.jpg 20150914_172056.jpg 20150920_130051.jpg 20150920_130113.jpg 20150920_165845.jpg

LikeBox

Facebook By Weblizar Powered By Weblizar