D’Kürbiskäre sinn am Buedem

Wéi all Joer ëm den 1. Mee sinn och dëst Joer schonn d’Kürbiskären an de Buedem gesat ginn. E puer dausend Käre solle lo dofier suergen, dass och dëst Joer um Kürbisweekend nees ganz vill verschidden Zorte vun där wonnerbarer Fruucht ze fanne sinn.Lo muss just de Péitrus nach gutt matspillen.