KÜRBISFRËNN

Säit 2003 steet zu Biereng all Joer am September de Kürbis am Mëttelpunkt. Duerch eng eegen Ziichtung vun Iess- an Zierkürbisse wëllen d’Kürbisfrënn d’Virzig vun där wonnerbarer Fruucht weisen.

Duerch d’Kreatioun an d’Ubidde vun enger Vielfalt u Kürbisproduiten, wéi ënner anerem Kürbiszopp, Kürbiskichelcher, Kürbishamburger, Kürbiséclair, Kürbistaart a -kuch a Kürbismourekäpp hu mir och vill Visiteure op de Kürbis-Goût  bruecht.

All Joer gëtt et och frësche Kürbissecco, dee mir just fir eist Fest produzéiere loossen.

D’Kürbisfrënn schaffen ee ganzt Joer iwwer dorunner fir am September nees ee schéint Familljefest op d’Been ze stellen a sech fir de Kürbis staark ze maachen.

Op bal 2 Hektar gi Planze gesat an d’Fruucht gëtt um Kürbisweekend verkaf.

D’Kürbisfrënn sinn eng Asbl, sou dass deen allergréissten Deel un d’Veräiner geet, déi hëllefen. All Joer gëtt och een décken Don u Kiwanis gemaach.

Mat de Jore konnte mir och Maschinne kafen, déi eis d’Aarbecht an de Stécker vereinfacht hunn: eng Maschinn fir de Plastik ze verleeën an eng Maschinn fir d’Planzen ze setzen.

Mir hoffen, och dëst Joer nees op ee groussen Erfolleg an op Är Visite, de 21. & 22. September 2024 zu Biereng.

D’Kürbisfrënn soe jidderengem VILLMOOLS MERCI, dee gehollef huet, dass och de Kürbisweekend 2023 nees ee groussen Erfolleg gouf!

 

 

Vun lënks no riets: Tom, Pierre, Simone (Simi), Kevin, Francine, Serge

Schreibe einen Kommentar