Kürbiskulturuleedung

  • Eng kleng Riesekürbiskulturuleedung

Op dëser Plaatz publizéieren mir an deenen nächsten Wochen a Méint, interessant Tippen zur Kultur an Ziichtung vun Riesekürbissen.

 

Buedem

Ab elo, sou bal den Gaart geraumt ass, kann en mat der Preparatioun vum Terrain fir d’nächst Joer ufänken.
Riesenkürbissen brauchen een gutt duerchlëften Buedem mat vill organescher Substanz.
Déi verschidden Ziichter ginn dobäi ënnerschiddlech vir:

  • Déi eng gruewen dat ganzt Stéck anstänneg ëm.
  • Déi aner fräsen léiwer alles
  • An dann ginn et der nach déi lackeren den Buedem just mat eng Grabforke ëm, ouni awer déi verschidden Schichten duercherneen ze geheien. Des Method ass awer nëmmen sënnvoll, wann een schonns een gutt strukturéierten Buedem huet.

Gemeinsam ass hinnen awer all, dass si dobäi vill organesch Substanz [Kompost an (Päerds-) Mëscht] ausbreeden. Dës organesch Substanz gëtt ganz oder deelweis an den Buedem ageschafft (beim Gruewen oder Fräsen) oder einfach ganz oder deelweis iwwert den Wanter uewendrop leien gelooss (am Fall wou den Buedem just gutt gelackert gëtt, ass dat souwisou déi eenzeg Méiglechkeet).

 

Wéi een Somkär?

Viraussetzung fir een wierklech groussen Kürbis ze ziichten ass, deen richtegen Somkär ze séien.

All aktuell Kompetitiounssomkären gehéieren zur Zort ‘Dill’s Atlantic Giant’, mä een „normalen“ Atlantic Giant’s (AG) Somkär aus engem Katalog geet normalerweis net duer, fir een wierklech risegen Kürbis ze kréien. Dofir muss een schonns op een Somkär vun engem richtegen Kompetitiounssomkär zeréckgräifen. Dës Kären kritt een entweder direkt bei engem Ziichter oder et kann een een bei enger Stee kafen. Sou Kürbiskärensteen sinn am Hierscht an Wanter regelméisseg um Internet an eng zimlech komplett Lescht fënnt een op bigpumkins.com.

An dann gëtt et nach d’Méiglechkeet engem Club bäizetrieden, well déi meeschten grouss Kürbisveräiner hiren Memberen all Joers eng Partie Somkären vun aneren Memberen schécken. An Europa ass hei d’European Giant Vegetables Growers Association (EGVGA) am beschten gëeegent. Fir een alljährlechen Beitrag vun (aktuell) 15€ kritt een och all Joers een groussen Pak mat vill Somkären vun Riesenkürbissen an anerem Riesengeméis.

All Kompetitiounssomkären hun een Numm, an zwar den Numm vum Kürbis aus deem se kommen.

Sou heeschen Kären aus dem Gewënnerkürbis vun 2009 vun Biereng: 808,6 Schröder 09.

Bedeitung vun dësem Numm:

  • 808,6: den Kürbis aus deem dësen Somkär kënnt, wor 808,6 lbs (= pounds), d.h. 366,8 kg schwéier [1 lbs = 0.45359237 kg]
  • Schröder: den Ziichter vum Kürbis heescht Schröder (an dësem Fall ass et den Marko Schröder vun Tréier)
  • 09: bedeit, dass den Kürbis 2009 geziicht gouf

 

Meeschtens ass och nach den Numm vun der Mamm an vum Papp vum Somkär ugin. An deem uewen genannten Fall wier dat dann: 808,6 Schröder 09 (1354 Young 08 x 954 Wittmann 08).

Bedeitung:

  • 1354 Young 08: dësen eischt genannten Numm ass deen vun der Mamm. D.h. den Marko hat een Soomkär aus dësem Kürbis ausgeseit an un dëser Planz ass dunn säin Gewënnerkürbis vun 2009 gewuess.
  • 954 Wittmann 08: dësen zweeten Numm ass deen vum Papp. D.h. den Marko hat och een Somkär aus dësem Kürbis ausgeseit an hien huet mat Pollen vun dëser Planz, d’Blumm op der Mammeplanz, aus der säin Gewënnerkürbis gewuess ass, bestäubt. (Dësen Papp huet keen direkten Afloss op d’Gréisst vum Kürbis deen op der Mammeplanz wiest, mee awer een op d’Kanner, dat heescht op déi Kürbissen déi aus Somkären vum 808.6 Schröder 09 wuessen.)

Op dës Manéier kënnen dann och ganz Stammbeem vun Somkären opgestallt gin.

Ganz gutt Somkären, virun allem déi wou schonns gewosst ass, dass aner Somkären aus dem selwechten Kürbis grouss Friichten produzéiert hunn, ginn dann natierlech fir zimlech vill Suen gehandelt. Sou ass et net sielen, dass vir esou een „erfollegräichen“ Somkär e puer honnert Dollar bezuelt ginn (sou sinn z.B. den 27/11/2009 fir een Somkär vum 1385 Jutras 07, 525 $ bezuelt ginn, wat drop zeréckzeféieren ass, dass an deenen leschten zwee Joer schonns ganz vill ganz grouss Kürbissen mat Somkären aus dësem Kürbis geziicht ginn sinn, ënnert anerem och den aktuellen Weltrekord, den 1725 Harp 09)

 

Ausséien

Nodeems een den ganze Wanter laang geplangt an gewaart huet, geet et ab dem hallwen Abrëll endlech lass.

Mee wei muss ech elo déi wäertvoll Käre behandele fir se zum Kengen ze kréien?

Natierlech kéint een higoen an se einfach an den Buedem stiechen an waarden, mä dobäi leeft een Gefor, dass der vill net erëmkommen.

Erfahren Ziichter ginn am Prinzip folgendermoosse vir (mat liichte Variatiounen):

Als éischt gëtt den Bord vum Kär mat enger klenger (Neel-) Feil oder Glaspabeier liicht ugefeilt. Doduercher kënnt d‘ Waasser besser an den Kär eran an d‘ Keimblieder kréien d’Schuel vum Kär och méi liicht opgedréckt. Awer opgepasst! Et däerf een nëmmen déi ronn Säit vum Kär feilen an ni déi méi spatz Säit!

 

Ass den Kär elo esou preparéiert, da gëtt en an wootlechem Waasser (25° – 28°C) ageweecht. Wei laang dat Aweechen dauert ass je no Ziichter ganz ënnerschiddlech an geet vun 45 Minutten bis 12 Stonnen.

TIPP: Fir dass een net Gefoor leeft d’Kären ze verwiesselen, schreiwt een am Beschten d’Bezeechnung vum Kär, d.h. am Normalfall, d‘ Gewiichtsangab aus dem Numm (z.B. 808,6 wann mer d’Beispill vum Gewënner 2009 vum Bierenger Kürbisfest huelen), mat engem waasserfeste Stëft op den Somkär.

 

Beschrëftene Somkär

Duerno kënnt den Kär dann mat der spatzer Säit no ënnen an den Buedem: entweder als éischt nach een klengt Dëppen (bis 12 cm) oder awer direkt an een grousst Dëppen vun 1 – 2 Liter.

Wichteg ass, dass probéiert gëtt d‘ Buedemteperatur bei ca. 25° – 28°C ze halen, z.B. Doduercher, dass een d‘ Dëppen op eng speziell Heizdecken (wei een se am Gaardencenter kritt) mat Thermostat stellt.

Och däerf de Buedem net ze vill naass sinn, well soss d‘ Gefor besteet, dass d‘ Käre faulen. Am Beschten et netzt een eemol gutt virum Séien an duerno net méi bis d‘ Keimblieder ze gesi sinn. Fir dass de Buedem net ze vill ausdréchent, kann een z.B. Eng Plastikstut iwwert d‘ Dëppen zeien.

Wann alles klappt, da kengen d’Kären innerhalb vun 3-4 Deeg. Ab deem Moment, wou d‘ Keimblieder ze gesi sinn, brauch d’Planz vill Luucht. D’Temperatur kann een dann och ob 20° – 22°C reduzéieren. Wann een als éischt a méi kleng Dëppe geséit hat, da gëtt et elo geschwënn och schonns Zäit fir d‘ Planzen a méi grouss Dëppen ëmzesetzen. Heibäi muss een gutt oppassen, dass een weder de Still vun der Planz nach d‘ Wuerzele beschiedegt!

10 – 14 Deeg nom Séien, ass d‘ Planz da prett fir ausgeplanzt ze ginn. Vu, dass een am Idealfall sou fréi un ass, dass dëst Planzen nach vrun den Äishellegen geschitt, ass et gutt, wann een d’Planz duerch een klenge Plastikstunnel, een Vlies oder eng aner Ofdeckung vru spéidem Buedemfrascht schützt.