Ob fir ze decoréieren oder fir z’iessen, et ass fir jiddereen e Kürbis dobäi. An der Kürbisscheier an der Hal Irbicht kritt een déi gréissten Auswahl u Kürbissen wäit a breet.

Kürbisse fir jiddereen. Dëse Weekend ass Kürbisweekend
15. Kürbisweekend
E klenge Gebuertsdag feiere mir dëst Joer zu Biereng: de 15. Kürbisweekend.
Natierlech fannen och déi lëtzebuergesch Meeschterschafte vun de Risekürbisse statt. Gëtt et dëst Joer deen éischte lëtzebuergesche Kürbis iwwert 500 kg?








