Et ass mol kee Mount bis déi 15. Editioun vum Kürbisweekend stattfënnt. D’Planze maache scho fläisseg hir Aarbecht a suerge fir eng déck Fruucht.
Kürbisweekend 2017, dëst Joer den 30. September & 1. Oktober. Save the date!
6000 Planze sinn am Buedem. Lo heescht et fleegen, schéi schwätzen an nokucken, wéi se wuessen. Klappt dat sou, wéi mir eis dat virstellen, kënnt Dir den 30. September & 1. Oktober ganz vill verschidden Zorte Kürbis op eisem Kürbisweekend gesinn a kafen.