{"id":775,"date":"2015-03-22T12:28:58","date_gmt":"2015-03-22T11:28:58","guid":{"rendered":"http:\/\/vu2019.admin.tibold.com\/?page_id=775"},"modified":"2019-02-20T15:13:47","modified_gmt":"2019-02-20T14:13:47","slug":"kurbiskulturleedung","status":"publish","type":"page","link":"https:\/\/www.kuerbis.lu\/?page_id=775","title":{"rendered":"K\u00fcrbiskulturuleedung"},"content":{"rendered":"<ul>\n<li><strong>Eng kleng Riesek\u00fcrbiskulturuleedung<\/strong><\/li>\n<\/ul>\n<p>Op d\u00ebser Plaatz publiz\u00e9ieren mir an deenen n\u00e4chsten Wochen a M\u00e9int, interessant Tippen zur Kultur an Ziichtung vun Riesek\u00fcrbissen.<\/p>\n<h4>&nbsp;<\/h4>\n<h4><strong>Buedem<\/strong><\/h4>\n<p>Ab elo, sou bal den Gaart geraumt ass, kann en mat der Preparatioun vum Terrain fir d&#8217;n\u00e4chst Joer uf\u00e4nken.<br \/>\nRiesenk\u00fcrbissen brauchen een gutt duerchl\u00ebften Buedem mat vill organescher Substanz.<br \/>\nD\u00e9i verschidden Ziichter ginn dob\u00e4i \u00ebnnerschiddlech vir:<\/p>\n<ul>\n<li>D\u00e9i eng gruewen dat ganzt St\u00e9ck anst\u00e4nneg \u00ebm.<\/li>\n<li>D\u00e9i aner fr\u00e4sen l\u00e9iwer alles<\/li>\n<li>An dann ginn et der nach d\u00e9i lackeren den Buedem just mat eng <em>Grabforke<\/em> \u00ebm, ouni awer d\u00e9i verschidden Schichten duercherneen ze geheien. Des Method ass awer n\u00ebmmen s\u00ebnnvoll, wann een schonns een gutt struktur\u00e9ierten Buedem huet.<\/li>\n<\/ul>\n<p>Gemeinsam ass hinnen awer all, dass si dob\u00e4i vill organesch Substanz [Kompost an (P\u00e4erds-) M\u00ebscht] ausbreeden. D\u00ebs organesch Substanz g\u00ebtt ganz oder deelweis an den Buedem ageschafft (beim Gruewen oder Fr\u00e4sen) oder einfach ganz oder deelweis iwwert den Wanter uewendrop leien gelooss (am Fall wou den Buedem just gutt gelackert g\u00ebtt, ass dat souwisou d\u00e9i eenzeg M\u00e9iglechkeet).<\/p>\n<h4>&nbsp;<\/h4>\n<h4><strong>W\u00e9i een Somk\u00e4r?<\/strong><\/h4>\n<p>Viraussetzung fir een wierklech groussen K\u00fcrbis ze ziichten ass, deen richtegen Somk\u00e4r ze s\u00e9ien.<\/p>\n<p>All aktuell Kompetitiounssomk\u00e4ren geh\u00e9ieren zur Zort \u2018Dill\u2019s Atlantic Giant\u2019, m\u00e4 een \u201enormalen\u201c Atlantic Giant\u2019s (AG) Somk\u00e4r aus engem Katalog geet normalerweis net duer, fir een wierklech risegen K\u00fcrbis ze kr\u00e9ien. Dofir muss een schonns op een Somk\u00e4r vun engem richtegen Kompetitiounssomk\u00e4r zer\u00e9ckgr\u00e4ifen. D\u00ebs K\u00e4ren kritt een entweder direkt bei engem Ziichter oder et kann een een bei enger Stee kafen. Sou K\u00fcrbisk\u00e4rensteen sinn am Hierscht an Wanter regelm\u00e9isseg um Internet an eng zimlech komplett Lescht f\u00ebnnt een op bigpumkins.com.<\/p>\n<p>An dann g\u00ebtt et nach d\u2019M\u00e9iglechkeet engem Club b\u00e4izetrieden, well d\u00e9i meeschten grouss K\u00fcrbisver\u00e4iner hiren Memberen all Joers eng Partie Somk\u00e4ren vun aneren Memberen sch\u00e9cken. An Europa ass hei d\u2019European Giant Vegetables Growers Association (EGVGA) am beschten g\u00ebeegent. Fir een allj\u00e4hrlechen Beitrag vun (aktuell) 15\u20ac kritt een och all Joers een groussen Pak mat vill Somk\u00e4ren vun Riesenk\u00fcrbissen an anerem Riesengem\u00e9is.<\/p>\n<p>All Kompetitiounssomk\u00e4ren hun een Numm, an zwar den Numm vum K\u00fcrbis aus deem se kommen.<\/p>\n<p>Sou heeschen K\u00e4ren aus dem Gew\u00ebnnerk\u00fcrbis vun 2009 vun Biereng: 808,6 Schr\u00f6der 09.<\/p>\n<p>Bedeitung vun d\u00ebsem Numm:<\/p>\n<ul>\n<li>808,6: den K\u00fcrbis aus deem d\u00ebsen Somk\u00e4r k\u00ebnnt, wor 808,6 lbs (= pounds), d.h. 366,8 kg schw\u00e9ier [1 lbs = 0.45359237 kg]<\/li>\n<li>Schr\u00f6der: den Ziichter vum K\u00fcrbis heescht Schr\u00f6der (an d\u00ebsem Fall ass et den Marko Schr\u00f6der vun Tr\u00e9ier)<\/li>\n<li>09: bedeit, dass den K\u00fcrbis 2009 geziicht gouf<\/li>\n<\/ul>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Meeschtens ass och nach den Numm vun der Mamm an vum Papp vum Somk\u00e4r ugin. An deem uewen genannten Fall wier dat dann: 808,6 Schr\u00f6der 09 (1354 Young 08 x 954 Wittmann 08).<\/p>\n<p>Bedeitung:<\/p>\n<ul>\n<li>1354 Young 08: d\u00ebsen eischt genannten Numm ass deen vun der Mamm. D.h. den Marko hat een Soomk\u00e4r aus d\u00ebsem K\u00fcrbis ausgeseit an un d\u00ebser Planz ass dunn s\u00e4in Gew\u00ebnnerk\u00fcrbis vun 2009 gewuess.<\/li>\n<li>954 Wittmann 08: d\u00ebsen zweeten Numm ass deen vum Papp. D.h. den Marko hat och een Somk\u00e4r aus d\u00ebsem K\u00fcrbis ausgeseit an hien huet mat Pollen vun d\u00ebser Planz, d\u2019Blumm op der Mammeplanz, aus der s\u00e4in Gew\u00ebnnerk\u00fcrbis gewuess ass, best\u00e4ubt. (D\u00ebsen Papp huet keen direkten Afloss op d\u2019Gr\u00e9isst vum K\u00fcrbis deen op der Mammeplanz wiest, mee awer een op d\u2019Kanner, dat heescht op d\u00e9i K\u00fcrbissen d\u00e9i aus Somk\u00e4ren vum 808.6 Schr\u00f6der 09 wuessen.)<\/li>\n<\/ul>\n<p>Op d\u00ebs Man\u00e9ier k\u00ebnnen dann och ganz Stammbeem vun Somk\u00e4ren opgestallt gin.<\/p>\n<p>Ganz gutt Somk\u00e4ren, virun allem d\u00e9i wou schonns gewosst ass, dass aner Somk\u00e4ren aus dem selwechten K\u00fcrbis grouss Friichten produz\u00e9iert hunn, ginn dann natierlech fir zimlech vill Suen gehandelt. Sou ass et net sielen, dass vir esou een \u201eerfollegr\u00e4ichen\u201c Somk\u00e4r e puer honnert Dollar bezuelt ginn (sou sinn z.B. den 27\/11\/2009 fir een Somk\u00e4r vum 1385 Jutras 07, 525 $ bezuelt ginn, wat drop zer\u00e9ckzef\u00e9ieren ass, dass an deenen leschten zwee Joer schonns ganz vill ganz grouss K\u00fcrbissen mat Somk\u00e4ren aus d\u00ebsem K\u00fcrbis geziicht ginn sinn, \u00ebnnert anerem och den aktuellen Weltrekord, den 1725 Harp 09)<\/p>\n<h4>&nbsp;<\/h4>\n<h4><strong>Auss\u00e9ien<\/strong><\/h4>\n<p>Nodeems een den ganze Wanter laang geplangt an gewaart huet, geet et ab dem hallwen Abr\u00ebll endlech lass.<\/p>\n<p>Mee wei muss ech elo d\u00e9i w\u00e4ertvoll K\u00e4re behandele fir se zum Kengen ze kr\u00e9ien?<\/p>\n<p>Natierlech k\u00e9int een higoen an se einfach an den Buedem stiechen an waarden, m\u00e4 dob\u00e4i leeft een Gefor, dass der vill net er\u00ebmkommen.<\/p>\n<p>Erfahren Ziichter ginn am Prinzip folgendermoosse vir (mat liichte Variatiounen):<\/p>\n<p>Als \u00e9ischt g\u00ebtt den Bord vum K\u00e4r mat enger klenger (Neel-) Feil oder Glaspabeier liicht ugefeilt. Doduercher k\u00ebnnt d&#8216; Waasser besser an den K\u00e4r eran an d&#8216; Keimblieder kr\u00e9ien d&#8217;Schuel vum K\u00e4r och m\u00e9i liicht opgedr\u00e9ckt. Awer opgepasst! Et d\u00e4erf een n\u00ebmmen d\u00e9i ronn S\u00e4it vum K\u00e4r feilen an ni d\u00e9i m\u00e9i spatz S\u00e4it!<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Ass den K\u00e4r elo esou prepar\u00e9iert, da g\u00ebtt en an wootlechem Waasser (25\u00b0 &#8211; 28\u00b0C) ageweecht. Wei laang dat Aweechen dauert ass je no Ziichter ganz \u00ebnnerschiddlech an geet vun 45 Minutten bis 12 Stonnen.<\/p>\n<p>TIPP: Fir dass een net Gefoor leeft d&#8217;K\u00e4ren ze verwiesselen, schreiwt een am Beschten d&#8217;Bezeechnung vum K\u00e4r, d.h. am Normalfall, d&#8216; Gewiichtsangab aus dem Numm (z.B. 808,6 wann mer d&#8217;Beispill vum Gew\u00ebnner 2009 vum Bierenger K\u00fcrbisfest huelen), mat engem waasserfeste St\u00ebft op den Somk\u00e4r.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p><strong>Beschr\u00ebftene Somk\u00e4r<\/strong><\/p>\n<p>Duerno k\u00ebnnt den K\u00e4r dann mat der spatzer S\u00e4it no \u00ebnnen an den Buedem: entweder als \u00e9ischt nach een klengt D\u00ebppen (bis 12 cm) oder awer direkt an een grousst D\u00ebppen vun 1 \u2013 2 Liter.<\/p>\n<p>Wichteg ass, dass prob\u00e9iert g\u00ebtt d&#8216; Buedemteperatur bei ca. 25\u00b0 &#8211; 28\u00b0C ze halen, z.B. Doduercher, dass een d&#8216; D\u00ebppen op eng speziell Heizdecken (wei een se am Gaardencenter kritt) mat Thermostat stellt.<\/p>\n<p>Och d\u00e4erf de Buedem net ze vill naass sinn, well soss d&#8216; Gefor besteet, dass d&#8216; K\u00e4re faulen. Am Beschten et netzt een eemol gutt virum S\u00e9ien an duerno net m\u00e9i bis d&#8216; Keimblieder ze gesi sinn. Fir dass de Buedem net ze vill ausdr\u00e9chent, kann een z.B. Eng Plastikstut iwwert d&#8216; D\u00ebppen zeien.<\/p>\n<p>Wann alles klappt, da kengen d&#8217;K\u00e4ren innerhalb vun 3-4 Deeg. Ab deem Moment, wou d&#8216; Keimblieder ze gesi sinn, brauch d&#8217;Planz vill Luucht. D&#8217;Temperatur kann een dann och ob 20\u00b0 &#8211; 22\u00b0C reduz\u00e9ieren. Wann een als \u00e9ischt a m\u00e9i kleng D\u00ebppe ges\u00e9it hat, da g\u00ebtt et elo geschw\u00ebnn och schonns Z\u00e4it fir d&#8216; Planzen a m\u00e9i grouss D\u00ebppen \u00ebmzesetzen. Heib\u00e4i muss een gutt oppassen, dass een weder de Still vun der Planz nach d&#8216; Wuerzele beschiedegt!<\/p>\n<p>10 \u2013 14 Deeg nom S\u00e9ien, ass d&#8216; Planz da prett fir ausgeplanzt ze ginn. Vu, dass een am Idealfall sou fr\u00e9i un ass, dass d\u00ebst Planzen nach vrun den \u00c4ishellegen geschitt, ass et gutt, wann een d&#8217;Planz duerch een klenge Plastikstunnel, een Vlies oder eng aner Ofdeckung vru sp\u00e9idem Buedemfrascht sch\u00fctzt.<\/p>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Eng kleng Riesek\u00fcrbiskulturuleedung Op d\u00ebser Plaatz publiz\u00e9ieren mir an deenen n\u00e4chsten Wochen a M\u00e9int, interessant Tippen zur Kultur an Ziichtung vun Riesek\u00fcrbissen. &nbsp; Buedem Ab elo, sou bal den Gaart geraumt ass, kann en mat der Preparatioun vum Terrain fir d&#8217;n\u00e4chst Joer uf\u00e4nken. Riesenk\u00fcrbissen brauchen een gutt duerchl\u00ebften Buedem mat vill organescher Substanz. D\u00e9i verschidden [&hellip;]<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":0,"parent":36,"menu_order":0,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","template":"","meta":{"ngg_post_thumbnail":0,"jetpack_post_was_ever_published":false,"footnotes":""},"class_list":["post-775","page","type-page","status-publish","hentry"],"jetpack_sharing_enabled":true,"jetpack_shortlink":"https:\/\/wp.me\/P5Qynt-cv","jetpack_likes_enabled":true,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.kuerbis.lu\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/pages\/775"}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.kuerbis.lu\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/pages"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.kuerbis.lu\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/types\/page"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.kuerbis.lu\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.kuerbis.lu\/index.php?rest_route=%2Fwp%2Fv2%2Fcomments&post=775"}],"version-history":[{"count":8,"href":"https:\/\/www.kuerbis.lu\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/pages\/775\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":2973,"href":"https:\/\/www.kuerbis.lu\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/pages\/775\/revisions\/2973"}],"up":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.kuerbis.lu\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/pages\/36"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.kuerbis.lu\/index.php?rest_route=%2Fwp%2Fv2%2Fmedia&parent=775"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}